« Le monde onirique : et si les rêves avaient quelque chose à nous dire ! »
Conférences28.05.2026
Infos11.06.2026
Description :
« Les noms de famille luxembourgeois » -une conférence de Jean-Claude Muller
Jeudi 11 juin – 19H30 – Salle Scheier
D’Familjennimm – e Sujet, dien all Mënsch intresséiert, wëll all Mensch sou een Numm zanter sénger Geburt huet. Obschons se fir vill Leit onduerchsiichteg gi sinn, loossen di ronn 22.500 Lëtzebuerger Familjennimm sech dach meeschtens erklären.
Si hunn sech zanter dem 17. Joerhonnert entwéckelt aus Uertschaftsnimm, aalen Hausnimm, Handwierksbezeechnungen, Beschreiwunge vu physische Charakteristiken an och aus Viirnimm am Genitiv, di dann d’Oofstammung vum Papp undeiten.
An der Konferenz an der Millen zu Biekerech geet den Auteur och spezifisch op d’Familjennimm laanscht d’Grenz tëscht Lëtzebuergesch/Germanisch a Wallounisch/Romanisch an, di dacks zu amüsanten Iwwersetzungsdoublette féieren.
De Jean-Claude MULLER, Präsident vun de Lëtzebuerger Stammbaamfuerscher an och vum Aareler Institut Archéologique, huet Ufangs dëst Joër e Buch iwwert de Sujet vun 1.200 Säite publizéiert, mat 175 narrative Kapitelen an de Statistiken vun alle
Lëtzebuerger Familjennimm an de Volkszählungen vun 1880, 1930 an 1980. Dëst Buch kann een no der Konferenz zu Biekerich och zu engem Viirzuchspräis kaafen a, falls gewënscht, sech eng Widmung dra schreiwe loossen…»
Conférence en langue luxembourgeoise
Entrée gratuite et inscription souhaitée via mail à l’adresse suivante : info@kulturmillen.lu ou par téléphone au +352/691 510 371
Moulin de Beckerich -103, Huewelestrooss – L-8521 Beckerich
Lieu : Moulin de Beckerich -salle Scheier
Catégorie : Conférences
28.05.2026
Infos11.06.2026
Infos