08.10.2026
“Wat brauchen Kanner fir grouss ze ginn?” -Konferenz mam Gilbert Pregno
Description :
“Wat brauchen Kanner fir grouss ze ginn?”
Haut wëssen mer besser wei jeemools wat en Kanner brauche fir grouss ze ginn : Erwuessener di sech am Liewe kënnen orientéieren, sech zurechtfannen fir zefridden ze sinn.
Eppes wat ganz wichteg ass geschitt an der klenger Kandheet : vun der Gebuert bis zu 2, 3 Joer. An den 1. Joren no der Gebuert bauen se eng Bindung op mat hiren Elteren an déi leet d’Fundamenter fest vun hirer Perséinlechkeet. Si leiere Sécherheet ze empfannen, hiert Selbstwäertgefill ze entwéckelen : Ziel ass frou mat sech selwer ze ginn. Dat mécht dass en se sech kennen da weiderentwéckelen an der Famill, der Schoul, mat hiren Frënn, spéider an enger Partnerschaft, op der Aarbecht. Et gëtt en Zesummenhang t’eschent Bindung, Erzéiung an duerno Bildung. Si brauche Leedung an Ënnerstëtzung fir Wuerzelen ze kréien an fir da mat hiren Flilliken ze fléien.
Wat heescht Kand sinn ? Firwat kann et dann schwéier fir Kanner an Jugendlecher ginn ? Wat kënnen oder souguer mussen Elteren den Kanner ubidden ? Wei wichteg ass Grenze setzen an firwat maachen mer dat net emmer gären ? Wat ass d’Roll vun de soziale Medien ?
Gilbert Pregno (Psycholog an Familientherapeut. Freieren Direkter an der Stëftung Kannerschlass)
Lieu : Moulin de Beckerich -salle Scheier
Catégorie : Conférences
Évènements similaires :
« Comment les Rolling Stones ont traversé plus de 60 ans de rock ! » (conférence)
Conférences18.09.2026
Infos« De l’onde sonore aux disques vinyles ! » -une conférence de Henri Schalenbourg
Conférences01.10.2026
Infos“Wat brauchen Kanner fir grouss ze ginn?” -Konferenz mam Gilbert Pregno
Conférences08.10.2026
Infos