10.10.2025
Tonnar Urwald : « Kapoutty », de Poutty Stein, gliddeg aus der Pan
Description :
TONNAR URWALD : « Kapoutty », De Poutty Stein, gliddeg aus der Pan
Freideg 10 Oktober 2025 -20H (Sall Scheier)
Den Duo mam Serge Tonnar a Georges Urwald interpretéiert zanter 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Sou erlieft een déi Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, op eng opgefrëschte Manéier, wou den Text an d’Geschichtennees am Mëttelpunkt stinn, mam Serge senger bal erzielerescher Interpretatioun an dem Georges senge Pianoskläng, déi wéi d’Fauscht op d’A passen.
No Lidder aus dem 19. Joerhonnert, mam Programm « Aus der Heemecht », hunn si elo hiren neien Album « KAPOUTTY » am Gepäck. Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der Lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach ni héieren huet. Nieft Klassiker wéi « Déi Schnëss » oder « De schéine Poli », kritt een och manner Bekanntes (dofir net manner opreegend) ze héieren.
Genëschelt an de Programm agemëscht hunn sech och e puer Klassiker an onbekannten Texter vum grousse Virgänger, dem Dicks, déi aus dem Owend en eemolege Rezital vu lëtzebuergeschem Liddergutt maachen.
Präiss : 20€
Infos & Aschreiwungen : info@kulturmillen.lu oder um Telefon 691 510 370/371
Kulturmillen -103 Huewelerstrooss – L-8521 Beckerich
Lieu : Moulin de Beckerich -salle Scheier
Coût : 20€
Catégorie : Concerts
