26.02.2026


“Glittergirl” -Theater vum Finestra Kollektiv

Description :

“Glittergirl” -Theater vum Finstra Kollektiv

26/02

14H30 : Ausverkaf !

16H00 : 2te Séance

Moulin de Beckerich (salle Scheier)

 

Glittergirl ass e pluridisziplinär Theaterstéck baséiert op D’ Stäeremënzen vun de Gebridder Grimm. Dat jonkt Milly fënnt verschidden, interessant Objeten am Bësch, mee hatt hellt se net fir sech eleng mee deelt se oder gëtt se u Leit weider déi se villäicht méi brauchen ewéi hatt.

Hatt hëlleft dem léiwe Fränz deen Honger huet a keen Doheem méi huet mee hatt muss oppassen dass dat strengt Ginette et net mierkt. Befanne mir eis an dem Milly senger Dramwelt oder ginn et déi Personnagë wierklech?

Kleng a Grouss kennen d’ Milly op senger fantastescher Rees begleeden. D’ Milly weist eis dass et wichteg ass empathesch ze sinn a Matgefill ze hunn an eiser hautdesdaags echbezunner Gesellschaft an dass een d’ Kanner soll dreeme lossen.

Produktioun : Finestra Kollektiv, Nuit de la culture Esch avec l’aide de la Fondation Indépendance BIL, la Bourse Aide à la Création et le Ministère de la Culture

Mise en scène : Timothy Lone
Performance : Gianfranco Celestino, Mara Daro, Elena Spautz an Chantal Kirsch
Musék : Chantal Kirsch
Kostümer : Sophie Meyer
Foto : Liv Pjetra

Moulin de Beckerich -103, Huewelerstrooss – L-8521 Beckerich

www.kulturmillen.lu

Lieu : Moulin de Beckerich -salle Scheier

Coût : 15€

Catégorie : Théâtre

Évènements similaires :