Du 18.07.2025 au 31.08.2025


Exposition Pop Up – 2. Editioun

Description :

Fir dat zweet Joer hannereneen organiséiert d’Kulturmillen zesumme mat der Millegalerie d’Pop Up Ausstellung, deenen hir Vernissage e Freideg, den 18. Juli um 20 Auer stattfënnt.

Dës Ausstellung erméiglecht et, jonke lokale Kënschtler den ganzen Summer iwwer d’Geleeënheet ze ginn, hir Wierker engem méi breede Public ze weisen.

Dëst Joer goufen ausgewielt:

  • Amélie Heidt, 19 Joer, vu Wahl (Aquarellen, Zeechnungen)
  • Muriel Juchem, 24 Joer, vu Beckerich (Gravuren)
  • Cloé Kemmer, 17 Joer, vu Holtz (Molereien)

De Vernissage gëtt vun engem klenge Concert vun de Jonken aus dem Réidener Jugentreff ageleet. D’Ausstellung ass duerno all Woch vun Donneschdes bis Sonndes vu 14 Auer bis 17 Auer op, bis den 31. August!

Biekerecher Millen (Millegalerie) – 103 Huewelerstrooss, L-8521 Beckerich

Lieu : Millegalerie

Catégorie : Expositions

Évènements similaires :